Job vacancy - offre d'emploi

D’ANCES a.s.b.l, de Lëtzebuerger Fachverband fir Sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung, sicht fir direkt oder no Ofsprooch een

Mataarbechter (m/w/d)

30-40 Stonnen d’Woch / CDI

fir am Kader vun der Konventioun mam

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Projeten ze entwéckelen, ze koordinéieren an ëmzesetzen.

Äre Profil :

  • Dir hutt e Bachelor- / Master-Diplom am human- oder sozialwëssenschaftleche  Beräich
  • Dir hutt Beruffserfarung am Sozial-, Gesondheets- oder Erzéiungswiesen
  • Dir hutt Erfarungen a professioneller Kommunikatioun an Netzwierkaarbecht
  • Dir hutt Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg an am Ausland
  • Dir hutt gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
  • Dir sidd gutt organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht

Mir bidden Iech:

  • Verdéngscht a Konditioune vum CCT-SAS Kollektivvertrag (C6)
  • Schaffen an engem internationale Reseau
  • D’Méiglechkeet, innovativ  Projetsaarbecht ze verwierklechen 
  • Flexibel Aarbechtszäiten

Fir weider Froen oder zousätzlech Informatiounen mellt Iech wgl. ënnert Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! .

Wann Dir Interessi un dëser Aarbecht beim www.fachverband.lu hutt, da schéckt eis wgl. Är Kandidatur mat Äre vollstännege Ënnerlagen bis de 16. August 2020 un:  Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! . All Ufro oder Kandidatur gëtt mat där néideger Diskretioun behandelt.

Pin It

Drucken E-Mail